top of page
1_1-1-e1682968748600.png

Entspaant.lu

Kreativ

Zielorientéiert

Humanistesch

Déi aner Zort vu Coaching

U ween riicht sech des Offer?

Grey-Ghost-Halloween-Icon-Circle-Sticker_edited_edited.png

Jiddereen deen méi Klorheet, Geloossenheet an Zefriddenheet am Alldag wëll hunn. Mat engem onverbrauchten Bléck op di aktuell Geschicht an mat Techniken déi konkret hëllefen.

Mënschen, Fammillien, Koppelen, Polyculen ... déi eng Plaz brauchen, wou se all gesinn a gehéiert ginn. Mat innovativen Kommunikatiounsmëttelen ginn gemeinsam konstruktiv Perspektiven erschafft.

Design ohne Titel(10)_edited_edited.png

Professioneller, ob am Team oder alleng, déi sech wëllen weiderbilden an den Themen wéi:

  • Effizient Kommunikatioun ënnerdeneen an no baussen.

  • Konfliktresulotiounen mat Clienten an Memberen vum Team.

  • Kreéieren vun besonneschen Plazen an Offeren: wéi aus gudden Iddien konkret Handlungen entstinn.

  • Safe Spaces fir Jidereen: Inklusioun & Diversitéit, hir Erausfuerderungen an Chancen.

Wat bidden ech un?

Ob alleng oder am Team, dir profitéiert ëmmer vun enger frëscher Perspektiv. An ärem Rhythmus, mat ären Mëttelen, erschaffen mer zesummen Léisungen, déi bei Iech passen.

Design ohne Titel(7).png

Coaching - Sessions

Am Vis-à-vis oder online, ob der alleng kommt oder mat de Mënschen ronderëm Iech...

Liichterketten.png

Sensibilisatioun

Wann dir wëllt är Ekipp/ären Betrieb fir Themen wéi mental Gesondheet sensibiliséieren.

Design ohne Titel(9).png

Interventiounen

Fir Professioneller déi op der Sich no neien an effizienten Impulser an hirer Ekipp sinn.

Wéi leeft dat of?

An  engem Kennenléiergespréich, setzen mer d'Rumm fest, an wéi eng Zort vun Ënnerstëtzung dir Iech vu mir wënscht:

  • Dobäi formuléieren mir  zesummen Etappen- an Endzieler.

  • Mir léeën fest, wourunner mer ee Geléngen oder ee Scheiteren festmachen.

An ärem Rhythmus, mat ären Mëttele a mat menger Erfahrung erkunden mer zesummen är Stärkten an Erausfuerderungen.

  • Wéi funktionéieren mir als Mënsch, wat ass gutt ze wëssen iwwert mech an anerer?

  • Mir benotzen Techniken déi bei Iech passen: Uerchtsamkeetstraining passt bei déi eng, Erfuerschung vun Kommunkatiounstechniken bei anerer.

  • Wat kënnen mer änneren? Wou hun mer besser un eisen Reaktiounen ze schaffen, fir Saachen, déi mer ent änneren kënnen?

Coaching ass keen Ersatz fir eng medizinesch oder aner Therapie! Gären ënnerstëtzen ech Iech och bei schon bestehenden Prozesser an schaffen mat aneren professionellen zesummen.

Wien a wat stecht hannert entspaant.lu?

335428534_1255254718408129_5588989411225347107_n.jpg

Artemisia Berrend

Hien/Hat
'78er Joergang
Erzéiher an Coach

Danzt fir säin Liewen gären

Meng Leidenschaft wor schon ëmmer, ze verstoen, wéi de Mënsch funktionéiert. Duerch meng eegen, net-endend Rees zu mir selwer an mäin bal onerschöpflechem Interessi um Mënsch-sinn,  hunn ech di ënnerschiddlechst Erfahrungen an Erliewnisser därfen sammelen, mech weidergebildt an Entspanungscoaching, Improvisationstheater, mentaler Gesondheet etc etc etc. Et ass mer wichteg, Mënschen kënnen op hirem Wee méiglechst ouni Firurdeler an mat  der néideger Kreativitéit fir Ännerungen ze begleeden. Dofir entspaant.lu. Fir Furwëtzeger: Mäin aneren Projet heescht iwwregens gespaant.lu.

Kontakt ophuelen

Villmols Merci!

Sou fannt der mech

Artemisia Berrend
187a, rue de Luxembourg
L-7540 Rollingen

621 571 728

bottom of page