top of page
Liichter.png

Divers

Bont

Individuell

Gespaant.lu

fir  Zeremonien déi erausstiechen

Wat bidden ech un?

Ob Hochzäiten, Trauerfeieren oder aner wichteg Momenter am Liewen, als ären Zeremoniemeeschter kreéieren ech Erënnerungen déi beweegen.

Hochzeitsaltar im Freien

Är Zeremonie

Egal mat weem dir frou sidd, egal un wat dir (net) gleeft, dir hutt dat Recht op en Maximum u Wuelbefannen bei ärer Feier.

Regenbogenfahnen

Mat Häerz

Gefillvoll, oppen a mat deem besonneschen Touch. Feieren, wou jidereen matgeduecht gëtt.

Design ohne Titel(6)_edited.jpg

Op d'Mooss

Mir gestalten zesummen de richtege Package fir Iech, ugepasst un är Besoinen an Méiglechkeeten.

Liichterketten.png

Wéi leeft dat of?

No engem Kennenléiergespréich, setzen mer d'Rumm fest, an wéivill Ënnerstëtzung dir Iech vu mir wënscht:

  • Ech halen eng op Ierch zougeschnidden Zeremonie.

  • Dir wëllt ären ganzen Event vun vir bis hannen begleet hunn.

  • Dir hutt schonn ee gudden Plang, mee wëllt Berodung bei eenzelnen Punkten, fir ärt Fest nach besser ze machen.

An der Plannung huelen ech mer Zäit fir Iech nach besser kennen ze léieren, fir är Zeremonie passend ze (beg)-leeden.

  • Wat soll déi Zeremonie eenzegarteg maachen?

  • Op waat fir eng Ëmstänn wëllen mer besonnesch Rücksicht huelen?

  • Organisatioun an Oflaaf vunn der Zeremonie.

Um Dag selwer däerf ech dann ganz d'Roll vum Zeremonienmeeschter iwwerhuelen fir Iech an äre Gäscht en onvergiesslecht Erliefnis ze bidden.

335428534_1255254718408129_5588989411225347107_n.jpg

Artemisia Berrend

Hien/Hat
'78er Joergang
Erzéiher an Coach

Liebt Danzen

​

​

Wien a wat stecht hannert gespaant.lu?

Selwer queer an neurodivergent, huet et mech schonn oft gewuermt, dat vill Fester wéi Hochzäiten, Trauerfeieren an soss "rites de passage"  vill Mënschen aussen fir loossen. (An niewebäi och nach oft zimmlech langweileg nom Schema X oflaafen.) Dat muss net sinn. Grad ärt eegent Fest, sollt dir genee sou feieren kënnen, wéi dir tickt. Dofir dësen Härzensprojet. Dofir gespaant.lu. Fir Furwëtzeger: Mäin aneren Projet heescht iwwregens entspaant.lu.

U wien riicht sech dëss Offer?

Mënschen ënnert dem LGBTQIA+ Prabbeli: Lesbesch, Schwul, Bi, Trans, Queer, Intersex, Asexuel, Polyamouréis, Net-binär... eegal wéi der Iech identifizéiert an zu weem der Iech (net) higezunn spiert.

Design ohne Titel(9).png

Jiddereen deen mat den firherrschenden reliéisen Zeremonien näischt ufänken kann oder wëll.

Design ohne Titel(10)_edited.png

All Mënsch, deem seng Neuronen nu mol eben anescht funktionéieren, wéi dem Duerschnëtt:
Diagnostizéiert oder net, ADH(S), Autismus - Spektrum, Suchtkrankheeten, Depressiounen, ... ginn bei villen Fester net mat geduecht. Hei schonn!

Jiddereen deem en Alliéierten ass vun uewen genannten Causen an deen seng Zeremonie wëll méi oppen gestalten.

Design ohne Titel(5).png

Kontakt ophuelen

Villmols Merci!

Sou fannt der mech

Artemisia Berrend
187a, rue de Luxembourg
L-7540 Rollingen

621 571 728

Design ohne Titel(5).png
bottom of page